RTL.lu: Invité vun der Redaktioun (15. Abrëll) – Georges Lemmer: Medikamentekonsum bei Jonken huet wärend der Pandemie zougeholl

E Freideg de Moie war de Psycholog a Psychotherapeut, Georges Lemmer, vum Service Impuls eisen Invité vun der Redaktioun.

Virun der Pandemie hate mer 590 Jonker, mat der Pandemie koume manner Leit, ma zanter dësem Joer klammen d’Zuelen nees staark. Dat seet de Psycholog a Psychotherapeut vum Suchtberodungsservice Impuls, Georges Lemmer. Hie war e Freideg de Moien den Invité vun der Redaktioun. Et hätt een an den éischten dräi Méint vum Joer 20% méi Persoune gesi wéi dat Joer virdrun. An hie géif staark dovunner ausgoen, datt den Zoulaf nach weider klëmmt.

Impuls betreit Jonker vun 13 bis 21 Joer, bei deene virun allem psychoaktiv Substanzen am Spill si wéi Cannabis, Alkohol an Zigaretten. Och de Konsum vu Medikamenter hätt an der Pandemie zougeholl. Vill Jonker géifen op déi aktuell Krise psychesch reagéieren. Déi vill Krisen, déi mer grad erliewen, géifen op hire Gemittszoustand drécken a mat de Medikamenter géifen déi Jonk versichen, op hir Emotiounen anzewierken.

An der Pandemie hätten d’Leit vill Zäit mat der Famill verbruecht, wat op verschiddene Plazen zu Tensioune gefouert hätt. Jonker hätte sech dann net nëmmen isoléiert, mä och op Substanzen zeréck gegraff, sou de Georges Lemmer weider.

Impuls schafft och mat Therapieprogrammer am Ausland zesummen. A verschiddene Situatioune géife punktuell Rendez-vousen einfach net duergoen. Deen Ament géif een dem Jonke proposéieren, an engem protegéierte Kader méi op Distanz ze goen.

Nom Retour op Lëtzebuerg gëtt de Concernéierte weider vum Service Impuls begleet. Deen Ament géif een dann zesumme kucken, fir e gemeinsame Projet op d’Been ze stellen.

Et wier ee ganz frou, sou de Georges Lemmer, datt een hei am Land d’Nout-Struktur Péitrusshaus hätt, fir Jonker fir eng kuerz Zäit an Noutsituatiounen opzefänken. Et sollt een awer driwwer diskutéieren, fir eng änlech Struktur fir jonk Erwuessener ze schafen. D’Diskussioune wieren an deem Sënn schonn amgaangen an hie wier gudder Déng, datt de Projet Realitéit gëtt, sou de Psycholog.

Och wat dee méi laangfristegen Encadrement ugeet, kéint ee sech nach iwwerleeën, wéi een déi eenzel Strukturen nach besser matenee vernetze kann. De Georges Lemmer nennt konkret d’Beispill vu engem Therapiezentrum mat Wunnméiglechkeet, baussent dem Spidol, wat nach feele géif, fir Jonker, déi hir Suchtverhalen an de Grëff wëlle kréien. Sou e Service wier eng Ergänzung zu den ambulante Behandlungsméiglechkeeten, déi et scho gëtt.

Enn des Joers mécht d’ASBL Impuls am Süde vum Land och eng Struktur op, fir Jonker eng betreit Wunnméiglechleet ze ginn, wa se vun hirer Therapie aus dem Ausland nees zréck op Lëtzebuerg kommen.

Lauschtert de ganzen Interview hei no:

https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1897954.html

Mehr News