De Projet “LINK” vun der “Solidarité Jeunes”, hëlleft Jugendlechen dobäi Fouss um Aarbechtsmarché ze faassen.

Den Iwwergang vum Bildungswiesen an d’Aarbechtswelt ass net ëmmer ganz einfach. Ma fir Jugendlecher, déi aus méi schwierege Verhältnisser kommen, ass dësen Iwwergang besonnesch schwéier. De Projet “Link” vun der ASBL “Solidarité Jeunes”, deen aus dem Europäesche Sozialfong finanzéiert gëtt, hëlleft dëse Jonken dobäi, Fouss um Aarbechtsmarché ze fannen.

Wat ass den Europäesche Sozialfong?

Wéi d’Valeria Berrini vum Aarbechtsministère erkläert, wier den Europäesche Sozialfong – kuerz ESF – e wichtegt Instrument, dat an d’Leit investéiert. D’Zil wier et, duerch d’Ënnerstëtzung vu verschiddene Projeten e méi soziaalt an inklusiivt Europa ze schafen.

Dofir fërdert den ESF, ënner anerem, e besseren Zougang zum Aarbechtsmaart duerch Formatiounen, den Iwwergang vu jonke Leit aus dem Bildungssystem an d’Aarbechtswelt, déi sozial Inclusioun an d’Chancëgläichheet.

De Projet “LINK” vun der “Solidarité Jeunes”

Ee Projet, deen aus dem ESF finanzéiert gëtt, ass de Projet “LINK” vun der ASBL Solidarité Jeunes. Dem Delfina Birão no, wier et d’Haaptzil vun dësem Projet, d’Educateure vun der ASBL dobäi ze ënnerstëtzen, déi Jonk um Aarbechtsmarché ënnerzebréngen. Sief dat a Form vun engem Vakanzen-Job, enger Léierplaz, engem obligatoreschen, oder fräiwëllege Stage, oder enger fester Plaz.

Fir dat Zil ze erreechen, ginn eng Partie konkret Mesuren um Terrain ëmgesat. Virop gëtt sech e Bild vun de Besoinen a Kompetenze vun deene jeeweilege Jugendleche verschaaft. Duerno kréien déi Jonk da bei deene konkreten Demarche gehollef. Esou hëllefen d’Educateuren deene Jonken, zum Beispill dobäi, hier CVen auszeschaffen, Aarbechtsplazen ze sichen a sech op Entretiene virzebereeden. Schliisslech huet d’Solidarité Jeunes am Kader vum Projet Link eng Rei Partenariater mat Employeuren opgebaut. Et misst een nämlech mat Betriber zesummeschaffen, fir déi Jonk um Aarbechtsmarché ënnerzekréien. Aus dësem Gron, huet d’ASBL dann och extra e Conseiller en insertion professionelle agestallt, dee selwer 20 Joer laang als Interim geschafft huet. Dësem seng Kenntnis vum Aarbechtsmarché a Kontakter zu Employeuren, wiere fir de Projet enorm wichteg.

Wéi de Projet am Januar ugefaangen hat, hätt een sech bei der Solidarité Jeunes, ënner anerem d’Zil gesat, 60 Jugendlecher um Aarbechtsmarché ënnerzekréien. Ma dëst Zil ass elo schonn erreecht. Bis Mëtt Oktober, gouf nämlech fir 65 Jonker eng Léisung fonnt. Deementspriechend, wier een sech bei der “Solidarité Jeunes” dann och sécher, dass d’Evaluatioun vum Projet, déi fir Enn des Joers usteet, ganz positiv wäert ginn. D’Decisioun, fir mam Projet weider ze maachen, géif scho stoen an d’ASBL wéilt och net méi op hire Conseiller en insertion professionelle verzichten. Deemno, géif et elo dorëms goen, déi weider Finanzéierung vum Projet ze assuréieren. Dofir, géif een no Donateure sichen a Gespréicher mat deenen zoustännege Ministèren ze féieren.

Lauschtert de ganzen Interview hei no:

https://www.eldo.lu/radio/a/119855.html

 

 

Mehr News