RTL.lu: Background am Gespréich vum 17. Dezember – Tanson, Bienfait an d‘Céline Danyher, Chargée de direction vun Impuls, der Hëllef fir jonk Drogekonsumenten.

An der Emissioun Background stoung d’Thema Cannabis am Mëttelpunkt. Invitéiert waren d’Justizministesch Sam Tanson, d‘Elena Bienfait, Direktesch vum CNAPA, dem nationalen Zenter fir Suchtpreventioun
an d‘Céline Danyher, Chargée de direction vun Impuls, der Hëllef fir jonk Drogekonsumenten.

Projet Cannabis

D’Justizministesch Sam Tanson huet de Choix vun der Regierung, fir de Konsum an der Fräizäit ze regulariséieren nach emol verdeedegt. Dat hätt sech déi viregt Dräierkoalitioun scho virgeholl. Initial hätt Blo-Rout-Gréng eng Legaliséierung ugestrieft, ma et wéilt een d‘Fëmmen am ëffentleche Raum net erlaben, dofir géing een elo vu “regulariséieren” schwätzen an net vu “legaliséieren”. Donieft géing een och “de-correktionaliséieren”, erkläert d‘Ministesch, well et och erlaabt gëtt, fir bis zu 3 Gramm Marihuana bei sech ze hunn. Mam geplangte neie Gesetz ginn et trotz dem erlaabten Ubau vu 4 Plazen nach eng Rei Restriktiounen. Zum Beispill dierfen d’Planzen dem Gesetzprojet no net visibel ugeplanzt ginn. D’Sam Tanson gouf an der Emissioun och mat enger Rei praktesche Froe konfrontéiert, déi deels och an den Avisen zum Projet opgeworf ginn. Laangfristeg wier et weider d’Zil, fir staatlech Verkafsplaze fir Cannabis ze schafen. Stéchwuert Legaliséierung: Wichteg wier virun allem fortzekomme vun der repressiver Drogepolitik aus der Vergaangenheet, déi net déi Ziler areecht hätt, déi sech gewënscht goufen.

Wat ass méi schlëmm: Alkohol oder Cannabis?

Der Direktesch vum nationalen Suchtpreventiounszenter CNAPA Elena Bienfait no misst een nach méi objektiv a mat manner Tabu iwwert d’Thema Cannabis schwätzen. D’Virurteel zum Beispill, datt de Cannabis eng Astigsdrog wier, wier zanter den 1990er Joren mat Etüde widderluecht, géif sech awer als “gedankleche Feeler” nach halen. Donieft géingen d‘Chiffere weisen, dass besonnesch bei Jonken de Konsum vum Alkohol däitlech méi héich wier, wéi vu Cannabis. Vu wéini un ass de Konsum problematesch? Do géing et net drëm goen, wéi dacks ee konsuméiert, mä ëm d‘Motiver. Firwat konsuméiert een? Wéi vill kreesen d‘Gedanken ëm de Konsum? An wéi een Impakt huet dat op d‘Liewen?
Den nationale Suchtpreventiounszenter CNAPA huet seng Opklärungsaarbecht schonn zanter e puer Méint verstäerkt, fir deene ville Froen, déi et nach gëtt, eng Äntwert ze ginn. Et misst een och onbedéngt d’Elteren erreechen, sot d’Elena Bienfait. De CNAPA huet eng Cannabis-Hotline: 49 77 77 – 55 an de Projet “Cannabis Koffer on Tour”, wou een am Laf vum nächste Joer duerch d‘Gemenge geet, fir z‘informéieren.

Mat enger Regulariséierung vun de Stereotyppe fortkommen

Invitéiert war dann och d’Chargée de direction vum Service Impuls Céline Danhyer. Si huet erkläert, et hätt ee misse mat der Annonce vum neie Gesetz méi Opklärung leeschten, fir ze betounen, datt sech déi geplangte Regulariséierung net op Mannerjäreger bezitt an de Konsum gesondheetlech bedenklech ass. Et wier wichteg, an der Kommunikatioun no bausse gutt opzepassen, wéi eng Messagen ee vermëttelt. Zum Beispill géif elo schonn den Alkoholkonsum dacks erofgespillt a banaliséiert ginn.

Egal mat wéi enger Drog, ob legal oder illegal, et misst een allgemeng op déi potentiell Gefore fir d’Gesondheet an d’Konsequenzen opmierksam maachen, sou d’Justizministesch. Duerch den eegenen Ubau vu Cannabisplanze kéint een awer och zum Beispill den eegene Konsum besser steieren, andeems een notamment dann direkt weess, wéi héich den THC-Gehalt vum Cannabis ass. Eens ware sech d’Vertriederinnen vun de Preventiounsmesuren awer och, datt ee méi och iwwert de Konsum bei Erwuessene schwätze misst. D’Tendenz vum Cannabis-Konsum ass liicht um Klammen. Deen hätt sech dem leschten Drogerapport no bei den 35 bis 64 Järegen verduebelt. Dofir misst een de Grand Public maximal informéieren, sou d’Elena Bienfait.

Lauschtert de ganzen Interview hei no:

https://www.rtl.lu/radio/background/a/2006070.html

 

Mehr News