Projet “Op de Patten”: Mir sichen e neie Stall!

Solina – Solidarité Jeunes a.s.b.l. sicht zu Lëtzebuerg eng adaptéiert Platz fir hiren Service “Op de Patten”.
Ziel ass et datt Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener (4-27 Joer) mat sozialen, emotionalen an/oder psychologeschen Bedürfnisser vun enger déierengestëtzten Aarbecht profitéiere kennen. Gebraucht gëtt eng Plaz déi no bei der Natur ass an déi den Ieselen, Päerd (aktuell hu mir 3 Ieselen an 2 Päerd), Mierschwéngercher an co. ee flotte Liewensraum bidd.
Mir sichen dofir eng Infrastruktur (Haff, Privat Stall, …) déi ons erméiglecht:
- Eng Offenstall Haltung ze maachen
- Déi néideg Installatiounen opzeriichten
Mir brauchen:
- Wisen
- Eng Iwwerdeckten Hal / Scheier
- Plaz fir Material an Hee dréchen ze stockéieren
- Gehetzten Raim
Mir bidden:
- Eng dynamesch, motivéiert an ënnerstëtzend Equipe
- Eng zouverlässeg Bezuelung
- Een zouverlässege Partner fir Zukunftsperspektiven
Bei Interessi a weideren Froen kënnt dir eis kontaktéieren iwwert opdepatten@s-j.lu oder iwwert Handy +352 621 524 007 oder +352 691 240 587.
Mehr News
-
Medikamentekonsum bei Jonken
Zum Projekt -
Radio 100,7 – Rendez-vous um Weekend
Zum Projekt -
Crise Sanitaire
Zum Projekt -
Chez soi – loin de chez soi
Zum Projekt