Solina – Solidarité Jeunes a.s.b.l. sicht zu Lëtzebuerg eng adaptéiert Platz fir hiren Service “Op de Patten”.

Ziel ass et datt Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener (4-27 Joer) mat sozialen, emotionalen an/oder psychologeschen Bedürfnisser vun enger déierengestëtzten Aarbecht profitéiere kennen. Gebraucht gëtt eng Plaz déi no bei der Natur ass an déi den Ieselen, Päerd (aktuell hu mir 3 Ieselen an 2 Päerd), Mierschwéngercher an co. ee flotte Liewensraum bidd.

Mir sichen dofir eng Infrastruktur (Haff, Privat Stall, …) déi ons erméiglecht:

  • Eng Offenstall Haltung ze maachen
  • Déi néideg Installatiounen opzeriichten

Mir brauchen:

  •  Wisen
  •  Eng Iwwerdeckten Hal / Scheier
  •  Plaz fir Material an Hee dréchen ze stockéieren
  •  Gehetzten Raim

Mir bidden:

  • Eng dynamesch, motivéiert an ënnerstëtzend Equipe
  • Eng zouverlässeg Bezuelung
  • Een zouverlässege Partner fir Zukunftsperspektiven

Bei Interessi a weideren Froen kënnt dir eis kontaktéieren iwwert opdepatten@s-j.lu oder iwwert Handy +352 621 524 007 oder +352 691 240 587.

Plus d’actualités